Interview

Noa Wagener

„Ech wëll eng richteg Dänzerin ginn. Dat wier immens.“

 
Noa Wagener © Christian Aschman
Noa Wagener © Christian Aschman

01.09.2023 - 31.07.2024

 

Noa Wagener, Dir sidd Dänzerin am Ensemble blanContact a sidd an der neier Danzproduktioun Re V Ivre vum Mierscher Kulturhaus (2024) ze gesinn.
Kënnt Dir Iech kuerz virstellen?


Ech sinn d’Noa Wagener, sinn 18 Joer al, a war bis elo am Lycée Belval an der Schoul. Ab September hunn ech eng Aarbecht: ech ginn an de collectif DADOFONIC * danzen. Et mécht Risespaass, mam collectif DADOFONIC ze schaffen. Ech kennen och schonn e puer Leit, déi am collectif DADOFONIC schaffen. Ech hat viru kuerzem e Stage bei hinne gemaach, fir 2 Wochen.

Wat gefält Iech an Ärer Roll als Dänzerin am meeschten?

Ech danzen immens gären, als Hobby, doheem, awer och fir ze weisen. Ech danzen och gären op der Bün. Ech ka schnell danzen, lues danzen, de Spagat machen… Ech hunn selwer geléiert danzen, ech war ni an enger Danzschoul. Ech hu schonn ëmmer gäre gedanzt, vu Klengem un. Esou richteg op enger Bün hunn ech ugefaangen ze danzen, wéi ech 10 Joer al war, mam Sylvia Camarda.

Hutt Dir scho vill Erfarungen als Kënschtlerin gemaach, a wa jo, wat fir eng?

Ech hu schonn op ville Plaze gedanzt: mat Trisomie 21 am Escher Theater, an der Kulturfabrik, am Groussen Theater, am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, an der TUFA zu Tréier – an elo mam Ensemble blanContact am Mierscher Kulturhaus… Mam Annick (Pütz) a mam Giovanni (Zazzera) ** ze danzen ass och mega!

Kënnt Dir Iech eng Zukunft als Kënschtlerin virstellen? Wéi géif dës Zukunft ausgesinn?

Ech wëll eng richteg Dänzerin ginn. Dat wier immens. Dat passt gutt bei mech. Ech kann a maachen dat schonn éiweg. Ech danzen doheem an op anere Plazen, awer ech wëll richteg vill danzen. Nieft dem collectif DADOFONIC an dem Mierscher Kulturhaus danzen ech och mam Jill Crovisier mat a sengem Projet The Game ***.

--
* Atelier d’inclusion professionnelle vun der Ligue HMC
** Choreografe vu Re V Ivre (Mierscher Kulturhaus)
*** Danzprojet mat der Fondation EME

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu