Interview

Noémie Sunnen

Iwwert (warscheinlech) verschwonne Partituren

 
Noémie Sunnen © Christian Aschman
Noémie Sunnen © Christian Aschman

01.09.2023 - 31.07.2024

 

Am Ukënnegungstext vun Ärem Concert gëtt vu Welturopféierunge geschwat an och soss ass et e ganz spezielle Programm, deen een néirens anescht héiere kann. Kënnt Dir eis verrode wat de Publikum erwaart?

Dat ass effektiv wouer, ech hu missten an de Musek-Sammlunge vum CNL zu Miersch a vum CEDOM an der Nationalbibliothéik siche fir bestëmmte Partituren ze fannen, an ech sinn op Komponiste gestouss vun deenen ech nach näischt héieren hat. Well ech Vertoununge vu Gedichter vum Anise Koltz wollt, sinn ech zum Beispill op de Josy Meisch gestouss. Ech hu mir d’Nouten ugekuckt an eng historesch Opnam ugelauschtert a sot mir domat kann een eppes ufänken.

Den Ivan Boumans ass amgaangen en Duett ze schreiwen op dat ech gespaant sinn a wou ech net méi dozou soe kann. Dann ginn och nach Duetter vu mir gespillt, déi och nach ni opgefouert goufen. Vum Camille Kerger ginn och zwee Lidder vu senger Hivernale, déi op Texter vum Edmond Dune baséiert, uropgefouert. An déi aner Stécker um Programm si villäicht iergendwann eng Kéier an de 60er Joren an der Villa Louvigny eemol fir de Radio gespillt ginn an duerno ni méi. Dat si Stécker, déi extrem seele sinn. D’Stécker vu Menager a Lentz sinn original fir eng Stëmm an ech hunn se als Duettversioun arrangéiert, wat d’Stécker musikalesch beräichert. Dat heescht och déi Stécker sinn an engem neie Gewand ze héieren.

Anise Koltz, Michel Lentz, Edmond Dune, Lou Koster, Helen Buchholtz, Laurent Menager, Camille Kerger, Ivan Boumans an Noémie Sunnen – wéi kënnt esou e Programm zustanen a wat huet de Choix definéiert: den Text oder d’Musek?

Ech hu geziilt gesicht no Vertoununge vum Edmond Dune an Anise Koltz, well dat immens räich Texter sinn. Dem Edmond Dune säi Stil vun de Gedichter hunn ech gären; et gëtt awer net vill ausser dem Camille Kerger seng Vertounung an déi, déi ech selwer komponéiert hunn. Da ginn et der nach vun engem Norbert Stelmes vun deem ech d’Nouten awer net fonnt hunn. Déi Partiture si verschwonnen. Dofir kann ech dat warscheinlech net sangen – ech soe warscheinlech, well et kéint jo ëmmer sinn, dass mar ee seet „hei ech hunn se an der Garage leien“, mee bis elo gesäit et éischter schlecht aus, wat och schued ass. Ech hu mir just déi historesch Opname konnten ulauschteren an der Nationalbibliothéik, mee och do weess kee wou d’Partiture sinn. An ouni Partiture kann ech natierlech och näischt sangen.

Gëtt et Ënnerscheeder am musikalesche Stil bei de Vertoununge vun de Gedichter? Korreléieren Text a Musek mat hirer Zäit oder fält och emol ee Stéck aus senger Zäit?

Déi Eeler, wéi de Michel Lentz, déi korreléiere schonn, dat ass wierklech Mëtt 19. Jorhonnert an déi fréi Romantik schwätzt do kloer hir Sprooch. Herno bei Helen Buchholtz a Lou Koster, déi awer e groussen Deel vun hirem Liewen am 20. Jorhonnert gelieft hunn, ass et musikalesch éischter Spéitromantik oder Romantik. D’Texter vum Anise Koltz, déi kann ee ganz gutt vergläichen: d’Vertounung vum Lou Koster vun Hochsommer ass an engem spéitromantesche Stil, deen, wéi ech fannen, ganz gutt passt. Den Edmond Cigrand huet Spätherbst vertount – wat d'Fortsetzung kéint sinn – am zäitgenëssesche Stil vum 20. Jorhonnert. Dat heescht, dat ass eng komplett aner Musik an dat passt awer och erëm. Et gesäit een déi Wandelbarkeet vun Texter, déi aus deem nämmlechte Gedichtband sinn, déi d’Lou Koster esou – an e puer Jorzéngte méi spéit, den Edmond Cigrand ganz anescht ausgeluecht hunn. An dat wëll ech um Concert weisen.

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu