Interview

Raymond Clement

"Ech hunn dem Bam gewénkt, sou wéi een engem Frënd zouwénkt."

 
Raymond Clement © Christian Aschman
Raymond Clement © Christian Aschman

01.09.2023 - 31.07.2024

 

D’Ausstellung am Mierscher Kulturhaus verbënnt Landschaftsfotografië vum Norbert Ketter mat deene vum Raymond Clement. Den Norbert Ketter huet zu Essen op der Folkwang-Héichschoul studéiert an Dir selwer ongeféier zur nämmlechter Zäit op der Photographer’s School of America zu München an Amsterdam. Ginn et Ënnerscheeder an der Ausbildung, déi een nach Joerzéngten duerno op de Biller erëm erkennt?

Jo, do ginn et mat Sécherheet Ënnerscheeder: den Norbert Ketter huet beim Otto Steinert studéiert, engem vun de wichtegsten däitsche Fotografe vun der Nokrichszäit, deen sech besonnesch duerch subjektiv Fotografie ervirgedoen huet. Natierlech fierft e Meeschter op säi Schüler of. Bei där amerikanescher Schoul, di ech Enn der 6oer Jore suivéiert hunn, stounge 24 berüümt Fotografen hannendrun, jiddereen zoustänneg just fir dat Fach vu senger Spezialitéit. Ech muss awer och dobäi soen, datt mech schonn 1965 d’Fotografie zolidd gepaakt hat, an dat duerch de Besuch kuerz noenee vun zwou Ausstellungen: déi original Family of Man vum Edward Steichen am Stater Musée, an dem Norbert Ketter seng finnesch Landschaften, Hommage à Sibelius.

Dir hat Iech eng laang Zäit der schwaarz-wäiss-Fotografie verschriwwen, bekannt ass virun allem d'Family of Jazz-Ausstellung mat Portraite vu Staren aus den 1970er Joren. E Joerzéngt méi spéit sidd Dir éischter zoufälleg mat der Faarffotografie a Kontakt komm. Wat war en Ausléiser fir sech a Richtung Landschaftsfotografie ze orientéieren? 
 
Vun Ufank un hu mech souwuel de Portrait wéi d'Landschaft intresséiert.
Den Ausléiser fir d'Landschaft faarweg opzeschaffe war mäi Bléck op d'Natur di ech vu Moment zu Moment, wéi ech no 12 Stater Joren nees op d'Land wunne goung, ëmmer méi faarweg gekuckt a gesinn hunn. Ganz besonnesch hat ee bestëmmte Bam mer et ugedoen, laanscht deen ech Dag fir Dag gefuer sinn. En huet dacks de Kostüm gewiesselt an ech hunn him gewénkt, sou wéi een engem Frënd oder Noper zouwénkt. A wann ech en duerch d'Kamera gekuckt hunn, huet e mat mer gespillt: eng Kéier wollt e lenks stoen, dann nees riets, dann huet en sech richteg grouss gemaach oder ass fortgelaf...

Beim Concert vun der Kammerata Luxembourg beaflosse Biller Musek. D’Projektioune vun Äre Landschaftsfotoe schloen sech néier an den Improvisatioune vum Maurice Clement. An ëmgedréint? Wéi eng Roll spillt d’Musek bei der Kreatioun vun Äre Fotoen?

Ech hu fréier vill Musek gelauschtert, hunn och selwer gespillt. D’Musek huet hir Faarwen, déi komme mer entgéint wann ech lauschteren. A grad esou héieren ech an der Natur Téin, Melodien oder Akkorden déi ech kennen an déi dacks genee bei dat passen, wat ech virun der Kamera hunn. Déi steet iwwregens bei menger Landschaftsfotografie ëmmer um Stativ, prett op de Moment ze waarden. An dobäi huelen ech mer vill Zäit fir ze lauschteren.

De Concert vu FUJAZZI Impressions ’n Expressions mat de Family of Jazz-Fotoen ass en interaktiivt Zesummespill tëscht der Musek op der Bün a Projektiounen, déi Dir selwer steiert. Wéi preparéiert Dir Iech op d’Projektioun an no wéi enge Krittäre wielt Dir d’Fotoen aus?

Zesumme mat de Museker hu mer den Oflaf vum Concert an d’Reiefolleg vun de Kompositioune festgeluecht. Vun deene meeschte Komponisten hunn ech Fotoen am Archiv. Aus zirka 7000 Negativen déi mer agescannt hunn, wielen ech dann déi aus déi am Beschten zu dëser Opféierung passen.

Dir hat schonn eng Rei Projeten zesumme mat Ärem Jong, dem Organist a Pianist Maurice Clement an ärem Enkel Mathieu Clement, engem opstriewenden Jazz-Batteur. Als Elteren erkennt ee jo munchmol Charakterzich vu sech selwer a senge Kanner a Kandskanner erëm. Erkennt Dir Zich vun Ärer artistescher Approche an Ärem Jong respektiv Ärem Enkel hirer kënschtlerescher Aarbecht?

Selbstverständlech. Eng kreativ Virwëtzegkeet schléit gär hir Welle virun. Si si wéi ech, wann e Projet bis ugefaangen ass, da gëtt esou laang dru gefeilt, ouni midd ze ginn, bis alles klappt. Fotografie ass fir mech keng Aarbecht, awer puer Freed. Freed och fir selwer iwwerrascht ze gi wat fir Gefiller eropkommen a wéi ech se meeschteren. Ech denke mer datt et bei hinnen d’selwecht ass. Wann s de bis dra bass, ginn d’Stonnen net gezielt. Ech hu jiddefalls bis elo weder de Maurice nach de Mathieu héiere kloen.

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu