Interview

Sarah Rock

D'Potenzial ass op alle Fall do, mee de Beruff ass net genuch unerkannt

 
Sarah Rock © Edouard Olszewski

16.11.2021 - 31.07.2022

 

Sarah, Dir sidd Dramaturgin. Wat mécht dee Beruff aus a wéi gestalt sech déi deeglech Aarbecht?
De Beruff vun engem Dramaturg/enger Dramaturgin kann immens villsäiteg sinn. Engersäits ass do d’Aarbecht op enger Produktioun, wou d’Dramaturgie ganz no mat der Regie zesummeschafft, d’Virbereedungen an d’Recherche mécht, um Text schafft an den Inhalt vum Owesprogramm definéiert. Anerersäits sinn Dramaturg.innen och fir d’Zesummestellung vum Spillplang vun der Saison an domat dem Programm vun engem Theater verantwortlech, sichen no neie Stécker, interessante Kënschtler.innen, neien Iddien an entscheede mam Intendant/der Intendantin zesummen, wéi ee Profil den Theater no bausse vertrëtt an domat och, wéi een de Public siche geet. U sech schléit dee Beruff de Bou tëschent engem méi akademeschen Deel (Recherche) iwwer en organisatoreschen Deel (Theaterprogramm), engem kënschtlereschen Deel (Spillplang, Konzepter, eenzel Produktiounen) bis zur Kommunikatioun (Aféierungen, Nogespréicher).

Eng gutt dramaturgesch Begleedung ass onerlässlech – fir Theaterhaiser ewéi och fir Produktiounen an der fräier Zeen. Deemno misst och zu Lëtzebuerg genuch Potenzial do si fir Vollzäit als Dramaturgin ze schaffen. Wéi ass d’Realitéit um Terrain?
D’Potenzial ass op alle Fall do, mee de Beruff ass net genuch unerkannt. Dat hänkt ënner anerem domat zesummen, datt Dramaturgie en typeschen Theaterberuff am däitschsproochege Raum ass, manner am franséisch- oder engleschsproochegen. An zu Lëtzebuerg fléissen déi Traditiounen all zesummen. Et gëtt zu Lëtzebuerg eng eenzeg fest Plaz fir Dramaturgie, déi ass am TNL. Fir de Rescht ass et esou, datt seelen en Dramaturg/eng Dramaturgin op eng Produktioun gesat gëtt an der fräier Zeen, ausser de Regisseur/ d’Regisseurin wëll eng spezifesch Zesummenaarbecht. Bei Koproduktioune mat auslänneschen Theateren ass et esou, datt do meeschtens den Dramaturg/d’Dramaturgin vun deem aneren Theater op d’Produktioun gesat gëtt – well dat auslännescht Haus ebe fir dee Beruff eng fest Plaz virgesinn huet. Wat och zu Lëtzebuerg feelt, dat sinn Assistenzplazen. Ech hu meng éischt Dramturgieassistenzen zu Wien an engem Repertoiretheater gemaach …

Deemno gëtt et e Potenzial zu Lëtzebuerg, wat net ausgeschöpft gëtt, well et keng „strukturell Verankerung“ vun deem Beruffsfeld gëtt. Wann ech net zu Wien gewiescht wier, hätt ech d’Dramaturgie ni esou kënne kenneléieren!

Iwwer déi läscht Jore schafft Dir enk mam Mierscher Kulturhaus zesummen. Fir d’Saisonen 2020/21 an 2021/22 sidd Dir am Haus en résidence. Wéi gesäit Är Aarbecht am a mam Mierscher Kulturhaus aus?
Ech sinn immens frou, datt déi Residenz geklappt huet, well et mir nieft der Aarbecht op verschiddene Produktiounen erméiglecht, um Volet „Programm“ a „Public“ ze schaffen, wat ech och scho beim Fundamental Monodrama Festival maachen. Ech schaffen um Themeschwéierpunkt Nikolaus Welter an hunn d’Mierscher Theaterdeeg mat konzipéiert – eng Iddi, déi de Claude Mangen scho méi laang hat. Dat ass e ganz besonnesche Projet, well et laangfristeg gesinn e Festival soll ginn, deen Themen, Produktiounen, Diskussiounen iwwer a vun der Lëtzebuerger Theaterzeen soll weisen an e festen Treffpunkt fir Kënschtler.innen a Public soll ginn. Well Lëtzebuerg amfong wéineg bis keng Theaterfestivaller huet, sollen d’Mierscher Theaterdeeg, domat d’Kulturhaus an de CNL, deem nogoen.

Interview: Pit Ewen

Link zum Themeschwéierpunkt Nikolaus Welter

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu