Concert

Wanterconcert

Jugendensembel vun der Mierscher Musek, Mierscher Musek, Schierener Musek

 
Wanterconcert © Claude Lentz
Wanterconcert © Claude Lentz

23.12.2023 | 20:00 | Tickets
luxembourgticket.lu


Eintritt frei
Nummeréiert Plazen

 
De Milton Ehrlich, 90 Joer al, rifft all Samschdeg Nomëtteg säi Kolleeg Mike un, deen hie schonn iwwer 50 Joer kennt. Dobäi séngt hie Lidder aus der Zäit wéi si nach jonk waren. De Mike ass och schonn iwwer 90 a leit ënnert enger schwéierer Demenz. Hie kann sech oft am Nomëtten net méi drun erënneren, wat hie Moies gemaach huet. Trotz dem Mike senger Demenz-Erkrankung sangen déi zwee d’Lidder begeeschtert mat.

Musek a Frëndschaft sinn zwee Elementer, déi oft enk matenee verbonne sinn an déi hëllefen d’Liewen an all sengen Héichten an Déiften ze iwwerstoen. Musek verbënnt d’Mënschen duerch eng gemeinsam Léift fir eng bestëmmte Band, Museksrichtung, een Instrument oder einfach nëmmen duerch d’gemeinsaamt Musizéieren, wat d’Mierscher Musek mat hire Frënn vun der Schierener Musek mécht.

D’Schierener Musek gouf den 21. Mee 1947 gegrënnt an huet d’lescht Joer hire 75. Gebuertsdag gefeiert. Haut zielt d’Schierener Musek ronn 60 aktiv Musikant.innen. Am Joer 2022 hat d’Schierener Musek d’Éier, ënnert der Leedung vun hirem Chef, dem Roland Schiltz, um Concert commémoratif fir de Grand-Duc Jean an der Philharmonie deelzehuelen.

Jugendensembel vun der Mierscher Musek

Mierscher Musek

Schierener Musek

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu