Cohabitants

Mierscher Musek

Wéini d’Mierscher Musek, deemols « Société Philharmonique de Mersch », gegrënnt ginn ass, ass net bekannt. Et leien keng schrëftlech Dokumenter vir. 1855 gëtt als Grënnungsjoer ugeholl, well den éischten Fendel mat dem Datum erhalen ass. An iwer 150 Joer Geschicht huet d’Mierscher Musek grouss Leeschtungen erbruëcht an de Veräin huet am In- an Ausland op Concoursen vill schéin Trophäen mat Heem bruecht.

Momentan besteet d’Mierscher Musek aus 89 Memberen. De Jugendensembel vun 30 Musiker.inne steet ënnert der Leedung vum Ben Brosius.

Galaconcert © Claude Lentz

Mierscher Lieshaus

D’Mierscher Lieshaus ass eng ëffentlech Bibliothéik mat ronn 22 000 Medien a 4 Sprooche fir Grouss a Kleng. All Mënsch ass am Lieshaus wëllkomm a ka vum Bestand (Bicher, Zäitschrëften, Lauschterbicher an Tonie-Figuren) profitéieren souwéi d’Computeren an d’Kopiesmaschinn an eisem Internet-Eck benotzen. Mir bidde gratis Wifi, ee Liessall fir ze schaffen an organiséiere regelméisseg Liesungen, Workshops an Änleches.

Aktuell Ëffnungszäiten:
Dënschdeg: 14-18 Auer
Mëttwoch: 15-19 Auer
Donneschdeg: 14-18 Auer
Freideg: 10-14 Auer
Samschdeg: 10-13 Auer

Kontakt:
kontakt@mierscher-lieshaus.lu
Tel : 32 50 23 550

mierscher-lieshaus

FC Marisca Mersch

Le F.C Marisca Mersch peut se vanter d’être un des premiers clubs de football de notre pays. Il fut crée en 1908. A cause des nombreuses inondations, le terrain de jeu initial du „Grommeschpesch“ a dû être abandonné au fil des années. A la recherche d’un nouveau terrain, le FC Marisca choisit au début des années 80 le „Schlasspesch“ pour sa situation centrale. Le match d’inauguration opposa le 13 mai 1989 le FC Beggen au FC Bavière. Peu après furent rajouté des vestiaires au Kulturhaus nouvellement construit.

fc-marisca-foot-8657

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu