Spektakel

D'Melusinnen

E neie Fraekabaret fir Lëtzebuerg

 
D'Melusinnen (c) Claude Sibenaler
D'Melusinnen (c) Claude Sibenaler

19.04.2024 | 20:00 | Tickets
20.04.2024 | 20:00 | Tickets
luxembourgticket.lu

Ticket 22.0 €
Student.in 11.0 €
Kulturpass 1.5 €

Nummeréiert Plazen

 
Wéi sollt d'Melusina sech fillen, wann et haut liewe géif? Wär hatt eis Grand-Duchesse oder éischter eng Influencerin, déi eis Massage-Ueleg verkafe wéilt?

Wie wär säi Sigfrid? Den Heng, de Xav, de Serge Tonnar oder iewer de Flavio Becca? An eigentlech hätt et schonn deemools vill léiwer de Sigfrid aus der Nibellungeso gehat, dee géint d'Draache kämpft an ee reegelrechte Playboy war, wéi säi Langweiler vu Feelen, deen him eng ongehëtzt Buedkummer als Prisong op engem verloossene Fiels gebaut hat. Oder wär säi Sigfrid um Enn dach éischter ee Sigfrida?

A ganz bestëmmt wéilt hatt och net just all 7 Joer eng Kéier opdauchen a verzweifelt op een Erléiser hoffen, mee hatt wéilt säi Liewen a vollen Zich genéissen, sangen, danzen a feieren an ni méi un d’Verspriechen an un d’Schwier vun de Männer gleewen.

Am Joer 2024 brauch Lucilinburhuc definitiv ee Fraekabaret, deen op der Héicht vun der Zäit Stellung zu der Lag vun eiser Bommeleeër.innen-Natioun hëlt. D’Melusinnen erfëllen mat sprëtzeg-frechem Sproochwitz an enger gewoter, feminin-feministescher Büneshow all är geheimste Wënsch a wëllsten Dreem.

Et spillen Véronique Kinnen, Noémie Leer, Géraldine Posing, Isabel Bib Wolff

Texter Josiane Kartheiser, Christiane Kremer, Noémie Leer, Roland Meyer

Musik Noémie Leer, Georges Urwald

Regie Roland Meyer

Assistenz Bruna Gorza

Choreographie Nathalie Moyen

Aspillungen Christophe Birgen

Mixage Georges Majerus

Live-Musiker Pierre Brouant, John Wolter

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu