Spektakel

Du Litty Do - De Musical fir dem Litty säin 150ste Gebuertsdag

Lycée Classique d'Echternach, Mierscher Kulturhaus, Trifolion Echternach, Nationalbibliothéik

 
©Reservéiert Rechter

19.05.2022 | 20:00 | Tickets
20.05.2022 | 20:00 | Tickets
luxembourgticket.lu

Ticket 20.0 €
Schüler / Student 10.0 €
Kulturpass 1.5 €

 
Litti M.: 1) „Zieraffe“ – cf. Liri; 2) „Name eines luxemburgischen Variétésängers, um 1915-1920 (Lutty?) der bei der Kirmes und an  sonstigen Festen selbstverfasste Lieder, auch Chansons anderer Autoren vortrug“ – e stellt sech wéi de L.
Luxemburger Wörterbuch in 5 Bänden, Luxemburg 1950-1977


De Litty (Pierre-Toussaint Stefani, 1872-1932) ass an der Zäit ronderëm den Éischte Weltkrich de wuel bekanntsten Ënnerhalungskënschtler zu  Lëtzebuerg. Vill nei Lidder aus der Zäit (z.B. vum Poutty Stein) mécht hien duerch seng jovial an adrett Aart a Weis am ganze  Land, bäi Jonk an Al, bekannt. Dem Litty säi Liewen zitt sech duerch politesch a geschichtlech markant Ereegnisser zu a  ronderëm Lëtzebuerg, déi och säi Wee ëmmer erëm beaflossen an nei ausriichten: Stolindustrie, Auswanderungen, Schoulflicht,  Paul Eyschen, Kabaretszeen, éischte Meedercherslycée, Éischte Weltkrich, Fraewalrecht, 1920er Joren a Wirtschaftskris.  Biografesch Aspekter a geschichtlech Ereegnisser gi mat Hëllef vun originale Lëtzebuerger Lidder aus der Zäit an  Neikompositioune fir Solo, Chouer an Orchesterche verdäitlecht.

-
Dëst ass e Covid-Check Event ouni d‘Méiglechkeet vun engem Schnelltest op der Plaz.

Duo FLOTT mat Gäscht Georges Urwald (Gesank a Piano), Joe Del Toe (Litty), a.a. Grousse Chouer vum LCE Direktioun Monique Schumann Bobby Band Tom Conrad (Akkordeon), Renata Van der Vyver (Braatsch), Romain Boden (Bassgei), NN (Perkussioun) Kompositiounen an Arrangementer Jean-Marie Kieffer a Georges Urwald Regie Claude Mangen

-
CovidCheckLOGO

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu