Spektakel

Du Litty do

Lycée Classique d'Echternach, Trifolion Echternach, Nationalbibliothéik
De Musical fir dem Litty säin 150ste Gebuertsdag

 
Du Litty do
Du Litty do © reservéiert Rechter

08.06.2023 | 20:00 | Tickets
09.06.2023 | 20:00 | Tickets
luxembourgticket.lu

Ticket 26.0 €
Student.in 13.0 €
Kulturpass 1.5 €

 

De Litty (Pierre-Toussaint Stefani, 1872-1932) ass an der Zäit ronderëm den Éischte Weltkrich de wuel bekanntsten Ënnerhalungskënschtler zu Lëtzebuerg. Vill nei Lidder aus der Zäit (z.B. vum Poutty Stein) mécht hien duerch seng jovial an adrett Aart a Weis am ganze Land, bäi Jonk an Al, bekannt.

Dem Litty säi Liewen zitt sech duerch politesch a geschichtlech markant Ereegnisser zu a ronderëm Lëtzebuerg, déi och säi Wee ëmmer erëm beaflossen an nei ausriichten: Stolindustrie, Auswanderungen, Schoulflicht, Paul Eyschen, Kabaretszeen, éischte Meedercherslycée, Éischte Weltkrich, Fraewalrecht, 1920er Joren a Wirtschaftskris.

Biografesch Aspekter a geschichtlech Ereegnisser gi mat Hëllef vun originale Lëtzebuerger Lidder aus der Zäit an Neikompositioune fir Solo, Chouer an Orchesterche verdäitlecht.

Duo FLOTT mat Gäscht Joe Del Toe (Litty), Georges Urwald (Gesank a Piano), Jacqueline Bischofberger (Bobby), Jean Bermes (Pappa Amberg), Grousse Chouer vum LCE Direktioun Monique Schumann Bobby Band Tom Conrad (Akkordeon), Renata Van der Vyver (Braatsch), Tom Wiot (Bassgei), Sébastien Kieffer (Perkussioun) Kompositiounen an Arrangementer Jean-Marie Kieffer a Georges Urwald Regie Ela Baumann Film- a Bildprojektioun Anne Schiltz Kostümmer Ulli Kremer

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu