Solist sinn ass keng einfach Aufgab. Et muss een eleng viru Publikum optrieden, vill Nouten a schwéier Passage spillen, ee schéinen Toun hunn a wa méiglech keng Nervositéit weisen. Well d’Mierscher Musek dovun iwwerzeegt ass, datt an hire Reien esou talentéiert Musekerinnen a Museker sëtzen, déi dësen Challenge unhuele kënnen, ginn si no vir op d’Bühn invitéiert. Zu Miersch gouf nach ëmmer vill Wäert op d’Jugend geluecht. D’Fundament gouf schonn 1991 geschaaf wou d’Mierscher Musek mat der Organisatioun vun der Museksschoul beoptraagt gouf. Mat der Leedung vun der Museksschoul huet d’Mierscher Musek och d’Chance den Nowuess fir an hier eege Reien am Aen ze behalen. 2005 gouf ee weidere Schratt ënnerholl an den éischte Jugendstage op d’Been gestalt. Mat der Schafung vum Jugendensembel am Joer 2017 kann d’Jugend nach éischter un d’Musek gebonne ginn. De Ben Brosius, Sous-Chef vun der Mierscher Musek, huet d’Leedung vun de 27 Jugendlechen, déi um Gala d’Geleeënheet kréien sech ze beweisen, iwwerholl. Begleet vun der Mierscher Musek interpretéieren déi Jonk Héichpunkten aus virtuoser Klassik bis hin zu de schéinsten a bekanntsten Melodien aus der Pop a Rock Welt. Donieft presentéiert d’Mierscher Musek och nach dat eent oder anert grousst Originalwierk fir symphoneschen Blosorchester.