Concert

Galaconcert

Jugendensembel vun der Mierscher Musek, Mierscher Musek
Let's Dance

 
Mierscher Musek © Claude Lentz
Mierscher Musek © Claude Lentz

27.04.2024 | 20:00 | Tickets
luxembourgticket.lu


Eintritt frei
Nummeréiert Plazen

 
Et kann een sech op vill Aart a Weisen ausdrécken an eng dovunner ass d’Danzen. Et ass d’Ëmsetzung vun Inspiratioun a Beweegung.

Dës Ausdrocksweis gëtt et schonn zënter Urzäiten an et hunn sech iwwert d’Joerhonnerten déi verschiddenst Dänz op der ganzer Welt entwéckelt. Mol haten se folkloristesch Hannergrënn, mol waren se éischter historesch oder spirituell bedéngt. Déi eng danzt een eleng, déi aner zu zwee oder an enger ganzer Grupp. Praktizéiert gëtt d’Danze souwuel vun Amateure wéi och vu Professionellen, op der Danzpist, der Äispist oder och nach an der Piscine.

Bei Let’s Dance presentéieren Iech de Jugendensembel an d’Mierscher Musek Dänz aus der ganzer Welt. Ob e luese Walzer, e leidenschaftlechen Tango, e sprëtzege Quickstep, eng temperamentvoll Samba oder ee feieregen Csardas, et wäert vun allem eppes dobäi sinn. A wie weess, vläicht hält et Iech net méi an de Sëtzer an Dir danzt duerno mat der Mierscher Musek op der Bün.

Jugendensembel vun der Mierscher Musek

Mierscher Musek

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu