Spektakel

King Tel Mo Rei

Roland Meyer
Elo geet et ëm Alles!

 
King Tel Mo Rei © Pierre Weber
King Tel Mo Rei © Pierre Weber

26.01.2024 | 20:00 | Tickets
luxembourgticket.lu

Schoulvirstellung
25.01.2024 | 09:00
26.01.2024 | 09:30
29.01.2024 | 10:15
30.01.2024 | 10:15

Ticket 26.0 €
Student.in 13.0 €
Kulturpass 1.5 €

Nummeréiert Plazen

Reservatioun Schoulvirstellung
T. 26 32 43 - 537
scolaires@kulturhaus.lu

 
2017 krut de Roland Meyer fir säi Jugendbuch Tel Mo de Lëtzebuerger Buchpräis. No enger erfollegräicher Uropféierung d’lescht Saison, ass d’Theaterstéck nach ëmmer brandaktuell.

Mir erënneren eis, den Telmo ass dee Jong, deen als Schoulbouf scho wéinst sengem Verhalen a senger Brutalitéit opgefall ass. Hien huet den Elteren hiert Appartement a Brand gestach, seng Matschüler erpresst an de Rafael ënnert ee Bus gestouss, esou datt deen elo queeschschnëttsgeläämt ass. Datt hie schonn als Kand als sougenannte „Systemsprenger“ an engem Foyer gelant ass, verwonnert net!

Den Telmo ass elo véier Joer méi al an hie sëtzt am Jugendprisong. Hien huet mat Droge gedealt an ee vu senge Clienten ass gestuerwen. Fir seng Mamm, fir seng Betreier, fir d’Police an d’Justiz a schlussendlech fir eis all stellt sech d’Fro, wéi mat esou jonke Leit ëmgoen. Kann een se nach erzéien oder muss een se schonn aspären?

Et gëtt där Jugendlecher ëmmer méi, d’Gewalt hëlt zou, d’Schoulen an d’sozial Servicer sinn iwwerfuerdert, d’Police kann dacks just nach nokucken a leeft hannendrun. Präventioun funktionéiert net a gëtt zur Farce.

MKH_LABELS_CREATION LU


Dauer 80 Min.
Nogespréich 20 Min.
Alter 14 +

Sprooch Lëtzebuergesch
Text Roland Meyer
Regie & Bün Claude Mangen
Dramaturgie Odile Simon
Spill Michael Mahjoubi, Max Bäcker, Clara Hertz, Sandra Proenca Caldeira, Claude Faber, Noémie Leer
Luucht Steve Demuth
Video Bohumil Kostohryz

Produktioun Mierscher Kulturhaus, Cube 521


MKH_LABELS_JUGEND 14+



53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu