Theatre

Sonntag 05.03.2017 | 17:00 | Tickets

Ticket: 27,00 €
Reduzéiert: 14,00 €
Vorstellung aufLU
PlacesNummeréiert Plazen
Reservation per TelefonT. (+352) 47 08 95 1 luxembourgticket.lu

E Living an Amerika

Eng musikalesch Satir

Roland Gelhausen, Jacqueline Posing, Georges Urwald


Um Enn vum 19. Joerhonnert kämpft eng Famill aus Mamer all Dag, wéi vill aner Famillen zu där Zäit, ëm d’Iwwerliewen. D’Zäite si schlecht zu Lëtzebuerg. De Papp huet keng Aarbecht méi an d’Famill fänkt un Honger ze leiden. Si denken driwwer no d’Land ze verloossen an de Papp decidéiert datt hien, mat senger Fra an den zwee Kanner, an Amerika auswandert. Dei ganz Famill mëscht sech op de Wee op eng laang a beschwéierlech Rees. Mee wéi si bis op där anerer Säit vum grousse Pull ukomm sinn, entdecken si eng nei Welt. Eng ganz nei a komesch Welt. Awer fannen se och hiert Gléck? Dat ass eng aner Fro…

 

Eng ural Story? Villäicht. Eng Schnok vu fréier? Eventuell. Een historesch korrekt erzielten Drama? Neen.

 

D’Geschicht widderhëlt sech an Parallelen zu haut sinn net ze iwwersinn. Genee wéi dës Famill vu Mamer, sinn zanter éiwegen Zäiten Leit ënnerwee op der Sich nom Gléck, no Sécherheet, no Fridden. Oder einfach no enger Verännerung.

 

E Living an Amerika – eng witzeg Farce, deelweis absurd an oft ganz grotesk, mat uspriechender Musek a flotte Gesangspassagë fir Solisten a Chouer.

 

Text Roland Gelhausen Musek Georges Urwald Op Initiative vum Yves Bourgnon Regie an Dramaturgie Jacqueline Posing-Van Dyck Bühnebild Christoph Rasche Kostümer Christian Klein Luuchten Daniel Sestak Maquillage Joël Seiller Regie-Assistenz Nadine Ewerling Kostüm-Assistenz Denise Schumann Et spillen a sangen Yves Bourgnon, Claude Faber, Al Ginter, Carlo Hartmann, Tom Hecker, Sandra Heintz, Alain Hertges, Alexandre Hornbeck, Steven Klopp, Noémie Leer, Manfred Logelin, Monique Melsen, Joëlle Muller, Elsa Rauchs, Monique Schartz, Raoul Schlechter, Monique Schumann, Vanessa Specogna, Michèle Turpel Orchesterchen Pol Dahm (Tenorsaxofon), François Ewen (Sousafon), Nataša Grujovi (Akkordeon), Franck Hemmerlé (Perkussioun), Georges Urwald (Cembalo), Renata van der Veyver (Braatsch) Koproduktioun Théâtre National du Luxembourg, Kinneksbond, Centre Culturel Mamer