Musique

Freitag 29.04.2016 | 20:00 | Tickets

Adultes: 25,00 €
Réduit: 12,00 €
Vorstellung aufLëtzebuergesch
PlacesNummeréiert Plaatzen
Reservation per TelefonT. (+352) 47 08 95 1 luxembourgticket.lu

Op der Juegd

Een tragikomescht Koméidistéck mat Musék vum Dicks

Opéra du Trottoir


Hätt onse gudden DICKS nët déi wonnerschéi Musék zu séngem Koméidéistéck "OP DER JUEGD" komponéiert, géif d'Stéck - wéinst dem nët onëmstriddenen Thema "der Juegd" - wuel kaum hautdesdaags nach op Spillpläng ze fanne sinn.

 

Mee wann d'OPERA du TROTTOIR sech dësem Thema unhëllt, dann trieden am verschneiten Theaterbësch nët nëmmen d'Frënn vu Jeeërei, vu Bësch a vum Wëld op, mee och d'Kritiker vun deenen Traditiounen kommen - natierléch zum grousse Spaass vum Publikum - zu Wuert an däerfen sech mat hire Positioune lächerléch maachen.

 

An sou versicht dem Carlo Hartmann seng peppég Mise en scène, op amusant Art a Weis, dës festgefueren Diskussioun ze entschäerfen.

 

Eng héichkaräteg Besetzung bréngt déi musikalesch Bijouen (D'Piirle vum Daa - D'Fëscher an Jee'r - Bei mir, an onsem Gréit - 'T si vill schéi Rousen an der Stad......) ganz apaart zum glënneren.

 

 

Haaptrollen Yannchen Hoffmann, Jean-Nico Schambourg, Carlo Hartmann, Dany Weiler, Manfred Logeling, Lou Wio, Gisela Bitdinger Härechouer Klepper, Dreiwer an Iwwerdreiwer… Dammechouer Demonstrantinnen, Protestantinnen… Musikalesch Begleedung Romain Welter Kostümer, Astudéierung Yannchen Hoffmann Bühnebild, Inszeenéierung Carlo Hartmann

 

Dësen Concert gëtt ënnerstëtzt vun Electris .